CONNYLI'S ORDNUNG

Oft gestallte Froen

  • Virwaat Uerdnung? Brauch ech iwwerhaapt en Uerdnungscoach?
    Uerdnung spuert Zäit a Geld.

    Du muss keng Zäit méi mat Siche verbréngen, well sech alles op senger feste Platz befënnt.

    Du spuers Geld duerch eng nei Iwwersiicht.

    E neie System gëtt dir méi Liewensfreed. Et ass net obligatoresch, en Uerdnungscoach ze engagéieren.

    A Bicher oder online kanns de dech ëmmer iwwer dëst Thema informéieren. Allerdéngs stellen ech oft fest, dass et eleng net duer geet. Mat enger neutraler Persoun un der Säit si meng Clientë vill méi motivéiert, wéi wann se eleng virun enger sou grousser Erausfuerderung stinn.

  • Wéi kann ech mir en Uerdnungscoach konkret virstellen?
    Ech sinn däi perséinleche Coach fir däin Doheem. Do, wou s du net méi weiderkënns, kommen ech an d'Spill, begleeden an ënnerstëtzen dech bei denger Initiativ an natierlech an dengem Tempo. Am Ufank schaafe mir eis zesummen en Iwwerbléck iwwert deng gesamte Situatioun a kommen da Schrëtt fir Schrëtt dengem Wonsch no méi Uerdnung a Struktur méi no. D'Ziel vu mengem Coaching ass et, dech bis zu dengem Zil ze begleeden an dir e gudde Weeweiser ze sinn.
  • Kenns du a raums mäin Doheem?
    Een Uerdnungscoaching sur Place fënnt am beschte mat dir zesumme statt. Fir dech ass et méi hëllefräich vum Ufank u am Prozess mat dobäi ze sinn, esou dass mir e System fir deng individuell Bedürfnisser plange kennen. Nëmmen du ganz eleng kanns d'Decisioun treffen, vu wat fir enge Saachen du dech wëlls trennen. Dat kanns du net komplett a meng Hänn leeën. Op Nofro a no konkreter Ofsprooch vun allen Etappe bidden ech dir och d'Méiglechkeet, däin neien Uerdnungssystem an denger Absence ze erstellen.
  • Kanns du mir och behëlleflech sinn, wann ech an enger ganz klenger Wunneng liewen?
    Natierlech. Virun allem kleng Wunnenge brauche gutt Uerdnungssystemer.
  • Wat fir eng Beräicher kenne mir ugoen?
    Ech ënnerstëtzen a begleeden dech gären an alle Beräicher vun dengem Doheem. Vum Keller bis op de Späicher kënne mir eis all Ziel setzen.

    Op der Plaz an och Online. Zousätzlech bidden ech weider Servicer un:

      • Plënnerbegleedung
      • Pabeier-, Büroorganisatioun & digital Uerdnung
      • Ënnerlech Uerdnung
  • Wéi vill Zäit muss ech fir e Coaching aplangen?
    D'Dauer ass fir all Projet ganz individuell. Allerdéngs solls du minimum 3 Stonnen aplangen, sou dass mir richteg mat dem Opraum-Projet ufänke kennen.
  • Musse ech mech vu ville Saachen trennen?
    Déi Entscheedung, wat fir eng Géigestänn aussortéiert ginn, bleift zu 100% bei dir an du gëss ni zu eppes gezwongen.
  • Mir ass et onangeneem wéi et bei mir Doheem ausgesäit.
    Et ass kee Grond do sech ze schummen, du hues scho grouss Stäerkt bewisen andeems du mech kontaktéiert hues.

    Mäi Verspriechen un dech:

      • e verständnisvollen Ëmgang mat dir an denger Situatioun
      • absolut Diskretioun
      • en akkuraten a respektvollen Ëmgang mat dengem Besëtz
      • Schrëtt fir Schrëtt zu dengem Ziel, an dengem Tempo
      • näischt geschitt ouni däin Averständnis
  • Wouhi mat den aussortéiere Géigestänn?
    Mäin Ziel ass et, net méi gebrauchten a benotzte Géigestänn e neit doheem ze ginn. A menge Coaching-Offeren ass d´Mathuelen an d ´Ofgin vun aussortéierten Spenden bei sozialen Organisatiounen oder Sozial-Geschäftshaiser inclus (pro Termin - 1 Autosluedung)

    Op Wonsch ënnerstëtzen ech dech och gär dobäi, deng Saachen online ze verkafen oder ze verschenken a ginn der eng Lëscht mat Adressen un d'Hand, wou s du deng Saache ofginn oder fachgerecht entsuerge kanns.

  • Kommen zousätzlech Käschten ob mech duer?
    A menger Offer an a mengem Kontrakt, sinn all d´Leeschtungen opgelëscht.

    Beim sur Place oder beim Online-Coaching fale just zousätzlech Käschten un, wann s du d'Dauer vun der ageplangte Sessioun iwwerschreide wëlls.

    Bei de Rendezvousen sur Place kennen ausserdeem folgend Zousazkäschten dobäi kommen:

    • Opmoossen, Plangen, Bestellen oder Akaf vun Uerdnungs- a Stockagesystemer: 1 Stonn: 50,00€ plus Deplacementsfraisen (Luedung, Transport & Organisatioun vu Retouren inclus)
    • 1 Stonn: 50,00€ plus Deplacementsfraisen (Luedung, Transport & Organisatioun vu Retouren inclus)
    • Deng perséinlech Shoppingaventure mat mir zesummen: 1 Stonn: 65,00€ plus Deplacementsfraisen (Luedung & Transport bei dech Heem inclus)
    Allerdéngs trëffs du eleng d'Entscheedung, ob s du des Zousazleeschtungen an Usproch huele wëlls oder net. Uerdnungs- a Stockageproduits´en , déi ech dir bestellen an déi s du behale wëlls, ginn dir an enger separater Facture zougeschéckt.
  • Bezuelung
    D'Facture kriss du vu mir per Mail an ob Wonsch och gär per Post. Bezuelung geet per Iwwerweisung ob d'Rechnung vum Konto den dobäi steet.
  • Kann ech e Coaching och verschenken?
    Jo natierlech. Bedenk awer, dass en Uerdnungscaching nëmmen da sënnvoll an ass, wann de Beschenkten dozou bereet ass an sech dat och gewënscht huet. Anerersäits kann e Kaddosbong fir en Uerdnungscoaching gär als perséinlech Kritik ugesi ginn an dat géif just zu Streidegkeete féieren.
  • Kann ech d'Servicer vun engem Uerdnungscoaching steierlech ofsetze loossen?
    Jo. Des Servicer kanns du an DÄITSCHLAND als Haushalt-Déngschtleeschtung vun de Steieren ofsetzen. Dobäi kanns du dir des bis zu 20% bei der Steiererklärung zréckhuelen.
  • Gi Fotoe vu mengem Doheem gemaach?
    Nëmmen du ganz eleng trëffs dës Entscheedung. Ech hunn 100% Verständnis, wann e Client seng Privatsphär wëll behalen a keng Fotoe gemaach solle ginn. Falls du awer domat averstane bass, dass ech Fotoe maachen a verëffentleche dierf, hale mir dat zesummen an engem Kontrakt fest. Dës Zoustëmmung kanns du all Zäit zréckzéien. Ech garantéieren dir, dass op de Virdrun/Duerno Biller op kengem Fall erkennbar ass, wou se opgeholl goufen.
  • Behandels du meng Donnéeë vertraulech?
    Deng Donnée si bei mir sécher, gi vertraulech behandelt an net un Drëtter weiderginn. Mäin Auto ass net mat engem Logo versinn, soudass deng Privatsphär zu all Moment garantéiert ass.
    • Fëll wannechgelift de Kontaktformulaire fir en onverbindlecht, gratist Telefonat vu 15 Minutten aus, fir iwwer deng Besoinen an Ziler ze schwätzen. Soubal mir wëssen, datt meng Offer bei dech passt, kanns du eng perséinlech Opraumsessioun mat mir reservéieren!