CONNYLI'S ORDNUNG

Plënnerbegleedung

Deng Rees an en neit Liewen

Et gëtt kee besseren Zäitpunkt, sech vu Ballast ze trennen, wéi virum Plënneren oder beim Zesummeféiere vu Stéit.

Dësen Zäitpunkt steet fir en neien Ufank. Et ass eng Rees an en neit Liewen.

Op dëser Rees solls du nëmme mat liichtem Gepäck ënnerwee sinn an dech mat Saachen ëmginn, déi s du an dengem Liewe brauchs an déi dech wierklech glécklech maachen.

Ech begleeden an ënnerstëtzen dech virun an/oder nom Plënneren.

Zesumme schafe mir eis en Iwwerbléck vun denge Géigestänn, kategoriséieren an sortéiere och villäicht e puer Saachen aus.

Duerno pake mir deng Këschten no Kategorien, Raim a Funktiounen.

Esou schafe mir eng Grondstruktur fir däin Eraplënneren an du hues en Uerdnungssystem, dat fir dech funktionéiert an no deem s du alles araume kanns.

Natierlech ginn ech dir och d’Méiglechkeet, dech beim Eraplënneren a beim Aus- an Araume vun denge Këschten ze ënnerstëtzen.

Plënneren an eng Senioreresidenz

D’Plënneren an en Altersheem ass fir vill Senioren e schwéiere Schratt an immens emotional. Mam Plënneren loossen d’Leit net nëmmen hiert aalt Doheem hannert sech, ma och ganz vill schéin Erënnerungen.

Zousätzlech bedeit dëst eng grouss Aschränkung, well d’Raimlechkeeten an de Senioreresidenze meeschtens vill méi kleng si wéi dat aalt Doheem.

D’Plënneren aus engem Haus oder engem Appartement an EEN eenzegt Zëmmer, stellt vill Mënsche virun eng grouss Erausfuerderung.

Mee genee hei kann ech dech an deng Famill ënnerstëtzen, a mir suergen zesummen dofir, datt sech deng Léifst an hirem neien Doheem wuelfille wäerten.

Persounen, deenen ech mat mengen Déngschtleeschtunge weiderhëllefe wëll.

  • Familljen an Elengerzéiender
  • Singelen
  • Pensionnairen & eeler Leit
  • Kanner
  • Kleng Betriber a Fräiberuffler

A lass!

Ech freeë mech op deng Noriicht.

KONTAKT

A menger Plënneroffer ass mat dran:

  • Gratist Éischtgespréich vu 60 Minutte mat Visitt vun de Raimlechkeeten
  • Ausraumen, Aussortéieren a Kategoriséiere vun all den Inhalter vun denge Raimlechkeeten
  • Pabeierorganisatioun: strukturéiert Stockéiere vun dengen Dokumenter
  • Suergfältegt a systematescht An- a Verpake vun denge Plënnerkëschten
  • Entwécklung vun engem Uerdnungssystem fir dech an däin neit Doheem
  • Akafsberodung bei Froen iwwer nei Stockagesystemer an Uerdnungsproduiten
  • Nobereedung vun der Plënner: Ausraume vun denge Plënnerkëschten an Araume vun den Inhalter
  • Beschrëftungs- a Verbrauchsmaterial (Labelen, Dreckstuten, Bicker, Trennblieder asw.)
  • Hëllef beim Verkaf oder dem Erstelle vun engem Clientskont op Online-Portaler
  • Op Wonsch, Mathuelen & Ofgi vun aussortéierten Spenden bei sozialen Organisatiounen
    (pro Rendez-vous / 1 Autosluedung)
  • Ënnerstëtzung bei der Entsuergung: Lëscht mat entspriechenden Entsuergungsstellen
  • Op Wonsch, Hëllef bei der Sich no professionellen Déngschtleeschter (Plënnerbetriber)
  • Begleedung an Ënnerstëtzung wärend dem ganze Projet

Package Next Steps S: 16 Stonnen: 1165,00€
Package Next Steps M: 24 Stonnen: 1785,00€
Package Next Steps L: 32 Stonnen: 2345,00€

All Persoun ass eenzegaarteg, dofir stellen ech dir gär eng individuell Offer zesummen, déi op deng Besoine passt.

Persounen, deenen ech mat mengen Déngschtleeschtunge weiderhëllefe wëll.

  • Familljen an Elengerzéiender
  • Singelen
  • Pensionnairen & eeler Leit
  • Kanner
  • Kleng Betriber a Fräiberuffler

A lass!

Ech freeë mech op deng Noriicht.

KONTAKT

Meng Offeren

Meng Offeren