Wënschs du dir eng Verännerung?
Da kann ech dir als Uerdnungs- an Opraumcoach eng optimal Léisung bidden.

FIR LËTZEBUERG & D’GRENZREGIOUNEN
Däin Uerdnungs- an Opraumcoach
Ech sinn d’Conny Reuter, sinn 1985 gebuer a komme vu Waasserbëlleg (Lëtzebuerg).
Zanter 2020 begleeden ech Leit op hirem Wee an en opgeraumt, geuerdnet a liicht Doheem.
Wéi kënnt een eigentlech op d’Iddi, Uerdnungscoach ze ginn?
D’Theemen Uerdnung, Struktur an Ausmëschten hunn a mengem Liewe schonn ëmmer eng grouss Roll gespillt, och a menger jorelaanger Erfarung als Bankemployée, Back Office-Mataarbechterin, administrativ Assistentin a Controllerin.
Mat de Joren hat ech d’Iddi an dee grousse Wonsch, Leit op hirem Wee an e Wuelfilldoheem ze begleeden.
2020 koum dunn de Startschoss an en neit Liewen.

Conny Reuter – Uerdnungs- an Opraumcoach
WUELBEFANNEN AN ALL BERÄICH
Meng Servicer
Uerdnungs- an Opraumcoaching
• Op der Plaz oder online • vum Keller bis an de Späicher • zesumme schafe mir däi Wuelfilldoheem
Büroorganisatioun an digital Uerdnung
• Uerdnung & Struktur an dengen Dokumenter a Stockéiersystemer • Digitaliséierung vun dengen Dokumenter • System an Iwwerbléck an denge Fotoen, Dokumenter, E-Mailen ...
Ënnerlech Uerdnung – Coaching mat Hond
• Uerdnung net nëmmen an dengem Doheem, mee och an dengem Ënneren.
„Nach dem Aufräumen fühlte ich mich erleichtert und von einer Last befreit.“
C.K., Trier
„Es ist unglaublich, was man an einem Tag alles schaffen kann.“
J.B., Grevenmacher
„Conny ist ein Geschenk für alle, die in ihrem Chaos feststecken.“
S.L., Luxemburg
„Was in fünf Stunden erreicht wurde, hat meine kühnsten Erwartungen übertroffen.“
A.M., Wasserbillig

DISKRETIOUN A WUELBEFANNEN
Den Oflaf
DEN ÉISCHTE SCHRËTT
Du kontaktéiers mech iwwer Telefon, E-Mail oder iwwer de Kontaktformulaire op menger Homepage an erkläers mir kuerz däin Uleies.
D’KENNELÉIERGESPRÉICH
Dat gratist Éischtgespréich vun 30 Minutten (online oder iwwer Telefon) gëtt eis d’Méiglechkeet, eis géigesäiteg kennenzeléieren.
VIRBEREEDUNG A PLANIFIKATIOUN
An dëser Phas ginn d’Rendez-vouse fir eise gemeinsame Projet festgeluecht. Mir beschwätzen deng konkret Ziler a Wënsch.
ECH FREEË MECH OP DENG NORIICHT





„Allein hätte ich nur einen Bruchteil geschafft – mit Conny ging alles viel leichter und wir haben unglaublich viel erreicht.“
M.S., Luxemburg