CONNYLI'S ORDNUNG

Den Oflaf

Den Oflaf

DEN ÉISCHTE SCHRËTT

Du kontaktéiers mech iwwer Telefon, E-Mail oder iwwer de Kontaktformulaire op menger Homepage an erkläers mir kuerz däin Uleies.

D’KENNELÉIERGESPRÉICH

Dat gratist Éischtgespréich vun 30 Minutten (online oder iwwer Telefon) gëtt eis d’Méiglechkeet, eis géigesäiteg kennenzeléieren. Mir fanne eraus, ob d’Chimie tëschent eis stëmmt a wéi ech dech am beschte bei dengem Uleies ënnerstëtzen a begleede kann.
Natierlech gëtt et och d’Méiglechkeet, ee Rendez-vous bei dir doheem auszemaachen, wou s du mir däin Uleies nach méi genee beschreiwe kanns a mir am Detail beschwätze kënnen, wat s du bei dir doheem ännere wëlls. Zesumme kucke mir eis deng Raimlechkeeten un an definéieren déi nächst Etappen. Dëst Gespréich gëtt dir méi Kloerheet an du hues däin Zil méi konkreet virun den Aen. Meng Visitt bei dir dauert ongeféier 1,5 Stonn a kascht pauschal 95,00€ plus Deplacementsfraisen.
Nom Rendez-vous stellen ech dir eng onverbindlech schrëftlech Offer zesummen, déi ech dir iwwer E-Mail oder mat der Post schécken. Soubal s du d’Offer akzeptéiers, fänke mir mam Plangen un.

VIRBEREEDUNG A PLANIFIKATIOUN

An dëser Phas ginn d’Rendez-vouse fir eise gemeinsame Projet festgeluecht. Mir beschwätzen deng konkret Ziler a Wënsch.
Bei Bedarf, ginn ech dir och d’Méiglechkeet, d’Plangen, d’Opmoossen an d’Bestelle vun dengen Uerdnungsproduiten ze iwwerhuelen. Dëse Service géing ech dir dann zousätzlech verrechnen.

ËMSETZUNG – UERDNUNGSCOACHING OP DER PLAZ

Elo kënne mir endlech bei dir doheem lassleeën an eis denge Problemer widmen. Fir d’éischt heescht et: Chaos – alles gëtt ausgeraumt. Duerno ginn deng Géigestänn a Kategorien opgedeelt an da kënnt d’Ausmëschten. Dëse Schratt ass fir déi meescht vu menge Clienten ee vun de schwieregsten, mee och dee wichtegsten, dee si goe mussen, fir hiert perséinlech Zil ze erreechen, an ech wäert dir mat Rot an Dot zur Säit stoen. Beim Ausmëschte geet et net ëm d’Wechgeheien, mee dorëm, datt s du dech nëmmen nach mat Saachen ëmgoe solls, déi dir wierklech Freed maachen an déi s du zum liewe brauchs. D’Entscheedung, wéi eng Saachen aussortéiert ginn, bleift zu 100% bei dir an du gëss ni zu eppes gezwongen. Nodeem s du dëse Schratt bewältegt hues, geet et un d’Araumen an d’Strukturéieren. Mir stellen zesummen e System op, dat s du nohalteg bäibehale kanns. Zum Schluss vum Rendez-vous kucke mir eis zesummen deng Erfolleger un a beschwätzen nach eemol am Detail d’Haaptpunkten oder déi eventuell nächst Schrëtt. Dës Zesummefaassung kriss du vu mir och iwwer E-Mail. Ech begleeden an ënnerstëtzen dech wärend dem ganzen Opraumprojet.
Falls also Froen oder Gedanken opkommen, kanns du mir gär eng Noriicht schécken. D’Coachingen op der Plaz fannen am beschte mat dir zesumme statt. Op Wonsch an no konkreeter Ofsprooch, bidden ech dir och d’Méiglechkeet, däin neit Uerdnungssystem ouni dech opzestellen.

D’NOGESPRÉICH

D’Nogespréich fënnt ongeféier 3-4 Wochen no eisem leschte Rendez-vous iwwer Telefon oder Video-Call statt.
An dësem Gespréich beschwätze mir Follgendes:
⦁ wéi s du dech fills a wéi et dir an der Tëschenzäit ergaangen ass
⦁ wat sech säit eisem Coaching verännnert huet
⦁ ob s du mat dengem Uerdnungssystem zerechtkënns
⦁ ob s du nach Hëllef oder aner Tipps brauchs
⦁ deng perséinlech Froen

Persounen, deenen ech mat mengen Déngschtleeschtunge weiderhëllefe wëll.

  • Familljen an Elengerzéiender
  • Singelen
  • Pensionnairen & eeler Leit
  • Kleng Betriber a Fräiberuffler

A lass!

Ech freeë mech op deng Noriicht.

KONTAKT

Persounen, deenen ech mat mengen Déngschtleeschtunge weiderhëllefe wëll.

  • Familljen an Elengerzéiender
  • Singelen
  • Pensionnairen & eeler Leit
  • Kleng Betriber a Fräiberuffler

A lass!

Ech freeë mech op deng Noriicht.

KONTAKT

Meng Offeren

Meng Offeren