CONNYLI’S ORDNUNG

Kooperatiounen

Meine-Aufbewahrungsbox

Endlech huet d’Sich no Uerdnungsproduiten en Enn. Hei ass nämlech déi perfekt Sichmaschinn fir deng Organizer mat iwwer 400 Marken an iwwer 6.000 Uerdnungsproduiten.

Deng Virdeeler:

  • alles op enger Säit
  • vill Ubidder
  • vill Filterméiglechkeeten

Wann s du iwwer mäi Link op d’Sichmaschinn gees an do op e Produit klicks, da kréien ech e puer Cent Kommissioun.

Rotho

Iwwer Rotho bezéien ech fir meng Aarbecht mat menge Clienten a fir mech selwer vill Produiten.

Rotho ass en Hiersteller aus der Schwäiz. E steet fir Nohaltegkeet an notzt fir d’Fabrikatioun vu senge Produite virun allem recycléiert a weiderverwendbar Materialien.

All Produit- a Versandverpackunge sinn och zu 100% recycléierbar. Rotho proposéiert laanglieweg Produite mat 20 Joer Garantie.

Mam Code connylis15 spuers du 15% op all denge Bestellungen am Shop.

JJ Trainings

Mir sinn d’Janet an d’Jenny a bei eis kriss du eng ganzheetlech Ausbildung, fir an däin Dramberuff als Uerdnungscoach ze starten. Beim Start an eis eege Selbstännegkeet hu mir e puer Stolpersteng aus dem Wee misse raumen. Aus dësem Grond wëlle mir spéideren Uerdnungscoache genee dëse Wee méi einfach maachen, andeem de Fokus vun eiser Ausbildung niewent Theeme wéi „Grondlage vun der Uerdnung“ an „Ëmgang mat de Clienten“ op dem Organiséiere vun denger Selbstännegkeet läit.

Wëlls du dech och als Uerdnungscoach selbstänneg maachen a sichs nach déi passend Formatioun?

Da kuck eng Kéier beim Janet a Jenny laanscht.

OrgART

OrgART ass d’Business-Plattform an d’Ulafstell fir all bestoend an zukünfteg Uerdnungsexperten.innen aus Däitschland, Lëtzebuerg, Éisträich, Schwäiz a Liechtenstein.

Si bitt dir:

  • eng Community: reegelméissegen Austausch ënner Experten & Entrepreneuren
  • méi Visibilitéit duerch Vermaartung
  • Kooperatiounen (Micro-Influencing, Produktentwécklung a Produkttesting)
  • Geschäftsmodeller
  • Weiderbildungen

Du wëlls dech eis gär uschléissen? Da kuck op der Internetsäit vun OrgART.

Ordnungswelt

An der Ordnungswelt fënns du alles iwwer d’Theema Uerdnung. Hei geet et op meng Experten-Säit.

Ordnungswelt

An der Ordnungswelt fënns du alles iwwer d’Theema Uerdnung.

Vun Uerdnungshelfer, Course bis Bloggen a Podcasten ass einfach alles dobäi. Géi mol ganz einfach kucken a looss dech vun eis inspiréieren.

Be Tidy App

Däin digitalen Uerdnungscoach

Wien ka vu BeTiday profitéieren?

Jiddereen, den..

  • säin Haushalt effizient organiséiere well.
  • en Iwwerbléck iwwer zukünfteg Haushalt- an Uerdnungs-Aufgabe brauch.
  • gär Ënnerstëtzung vun Uerdungsexperten hätt.
  • méi Uerdnung a Struktur fir säin Doheem well.

Zousätzlech hëlleft BeTidy dobäi…

  • Motivéiert ze bleiwen
  • Zäit ze spueren
  • Mental Load ze reduzéieren
  • d’Famill mat anzebannen

Meng Offeren

Meng Offeren