CONNY REUTER

Iwwer mech

FIR LËTZEBUERG & D’GRENZREGIOUNEN

Däin Uerdnungs- an Opraumcoach

Ech sinn d’Conny Reuter, sinn 1985 gebuer a komme vu Waasserbëlleg (Lëtzebuerg).

Zanter 2020 begleeden ech Leit op hirem Wee an en opgeraumt, geuerdnet a liicht Doheem.

Wéi kënnt een eigentlech op d’Iddi, Uerdnungscoach ze ginn?

D’Theemen Uerdnung, Struktur an Ausmëschten hunn a mengem Liewe schonn ëmmer eng grouss Roll gespillt.

Mat de Joren hat ech d’Iddi an dee grousse Wonsch, Leit op hirem Wee an e Wuelfilldoheem ze begleeden.

2020 koum dunn de Startschoss an en neit Liewen.

Deemools hu mäi Kierper a meng Gesondheet mir ganz kloer gewisen, datt et Zäit fir en neie Liewensofschnëtt wier.

Ech hu beschloss, mäin alen Job ze kënnegen an de Start an d’Selbstännegkeet ze woen.

An der Zäit vum Wandel hunn ech selwer och immens vill Saachen doheem geraumt, mat deenen ech mech als Persoun net méi identifizéiere konnt. Villes gouf ausgemëscht an ëmgekrempelt.

2021 hunn ech beschloss, meng Kenntnisser ze erweideren an hu bei JJ-Trainings d’Ausbildung als zertifiéierten Uerdnungs- an Opraumcoach gemaach, eng Ausbildung zum Thema Interventioune mat Déieren (Visittenhond op der Hunde-Uni Trier) an och eng Ausbildung als Aide-Éducatrice.

Dës nei gewonne Fäegkeeten, wéi och meng jorelaang Erfarung als Bankemployée, Back Office-Mataarbechterin, administrativ Assistentin a Controllerin, gi mir d’Méiglechkeet, eng vertrauensvoll Basis tëscht mir a menge Clienten ze schafen a se optimal ze begleeden.

D’Gefill, endlech erëm am Liewen ukomm ze sinn, gëtt mir eng grouss Zefriddenheet.

CONNYLI'S ORDNUNG

Wat mécht eigentlech en Uerdnungscoach?

Ech sinn e Beroder, eng Hëllefspersoun, en Ënnerstëtzer an e Begleeder fir Mënschen, déi sech méi Uerdnung, Struktur a Liichtegkeet an hiren eegene 4 Wänn wënschen.

Ech hëllefe menge Clienten, hir perséinlech Wuelfilluerdnung ze fannen an dës zesumme mat hinnen ze schafen, fir datt se spéider an der Lag sinn, dës nohalteg bäizebehalen.

En Uerdnungscoaching eegent sech fir Privatpersoune wéi och fir kleng Betriber a Fräiberuffler, déi hir Bürosraim nei strukturéieren oder nei Stockéiersystemer schafe wëllen.

Mäin Aufgabeberäich als zertifiéierten Uerdnungs- an Opraumcoach ass ganz breet.

Ech hëllefen a Privatstéit, mat oder op Wonsch och ouni d’Clienten hir Wunnraim oder eenzel Schief a Regaler ze organiséieren, hëllefe bei de Vir- an Nobereedunge vum Plënneren, beim Zesummeféiere vun zwee Stéit, ënnerstëtzen eeler Mënschen an hirem Alldag oder no engem Doudesfall an hëllefe bei Büro´s – a Pabeierorganisatioun.

Wënschs du dir eng Verännerung?

Da kann ech dir als Uerdnungs- an Opraumcoach eng optimal Léisung bidden.

Uerdnungs- & Opraumcoaching
Plënnerbegleedung
Seniorebegleedung
Büroorganisatioun & digital Uerdnung
Ënnerlech Uerdnung a méi
Image Icon

„Méi Zäit, Fräiraum, Kloerheet a Liewensqualitéit duerch opraumen a lassloossen.“

ECH FREEË MECH OP DENG NORIICHT

KONTAKT

    Fëll wannechgelift de Kontaktformulaire fir en onverbindlecht, gratist Telefonat vu 15 Minutten aus, fir iwwer deng Besoinen an Ziler ze schwätzen. Soubal mir wëssen, datt meng Offer bei dech passt, kanns du eng perséinlech Opraumsessioun mat mir reservéieren!

    Meng Offeren

    Meng Offeren