CONNYLI'S ORDNUNG

Seniorebegleedung

Speziell Déngschtleeschtunge fir Pensionnairen a Senioren, déi jonk bliwwe sinn

Iergendwann am Liewe kënnt den Zäitpunkt, wou vill Leit mierken, datt et net méi esou gutt geet wéi an de méi jonke Joren.
Dëst betrëfft souwuel Leit, déi krank gi sinn oder a schwierege Liewenssituatioune stiechen, wéi och méi eeler Leit, déi hir Léifst entlaaschten an déi eegen Entscheedungen iwwer hir Besëtztemer treffe wëllen.

Hei bidden ech follgend Déngschtleeschtungen un:

  • Hëllef beim Ëmstelle vu Miwwel an der Wunneng oder am Haus (barriärfräi & praktesch gestalten)
  • Ugesammelt Saachen aussortéieren, verschenken oder verkafen
  • Erleedege vun der Korrespondenz souwéi d’Aussortéiere vun Dokumenter
  • Hëllef beim Ëmgang vun digitalen administrativen Demarchen (Rendez-vousen, Areeche vun Dokumenter)
  • Am Virfeld gängeg Dispositioune fir d’Successioun treffen: wichteg Dokumenter (Noutfalldossier)

D’Enn vun enger Liewensrees – Äddi soen

D’Successioun vun engem verstuerwene Mënsch ze reegelen, kann e ganz stengegen an emotionale Wee sinn. Och déi administrativ Demarchen, déi ze meeschtere sinn, maachen et engem net méi einfach.

Mënschen, déi hire Partner, Familljememberen oder Frënn verluer hunn, sief et duerch eng Krankheet oder en Accident, brauchen Ënnerstëtzung, Begleedung a mussen erëm opgebaut ginn.

All Mënsch geet anescht mam Dout, der Trauer an de Schicksalsschléi ëm, dofir ass et wichteg, datt sech jidderee säin eegene Wee sicht, fir dës Evenementer veraarbechten ze kënnen.

Als Uerdnungscoach ënnerstëtzen a begleeden ech dech.

Ech hëllefen dir an ënnerstëtzen dech, d’Successioun ze reegelen, Saache vun der verstuerwener Persoun auszesortéieren an Ierfstécker en neit Doheem ze ginn.

Mat dengen Erënnerungsstécker gi mir genee esou suergfälteg a respektvoll ëm, wéi mat den aneren Besëtztemer.

Schéin Erënnerungen un eng Persoun kann dir keen huelen. Si liewen an dir weider an zauberen dir an de schwéieren Zäiten ëmmer e Laachen an d’Gesiicht.

Persounen, deenen ech mat mengen Déngschtleeschtunge weiderhëllefe wëll.

  • Familljen an Elengerzéiender
  • Singelen
  • Pensionnairen & eeler Leit

A lass!

Ech freeë mech op deng Noriicht.

KONTAKT

Plënnerbegleedung

Plënner oder Zesummeféiere vu Stéit.

Persounen, deenen ech mat mengen Déngschtleeschtunge weiderhëllefe wëll.

  • Familljen an Elengerzéiender
  • Singelen
  • Pensionnairen & eeler Leit

A lass!

Ech freeë mech op deng Noriicht.

KONTAKT

Meng Offeren

Meng Offeren