CONNYLI'S ORDNUNG

Offeren

Offeren

EN ÉISCHTGESPRÉICH, FIR SECH KENNENZELÉIEREN

En Éischtgespréich vun 30 Minutten ass gratis, onverbindlech a fënnt entweeder iwwer Telefon oder online statt.

FORFAIT FIR DÉI ÉISCHT VISITT

Op Wonsch kommen ech fir d’Éischtgespréich gär bei dech Heem a mir beschwätzen am Detail däin Uleies, a klären, wat s du an dengem Doheem verännere wëlls.

Zesumme kucke mir eis deng Raimlechkeeten un an definéieren déi weider Virgoensweis.

Meng Visitt bei dir dauert ongeféier 1,5 Stonn a kascht pauschal 95,00€ plus Deplacementsfraisen.

COACHING OP DER PLAZ

Am 1:1 Coaching kënne mir eis voll a ganz dengem Doheem widmen.

Natierlech stellen ech dir op Wonsch oder bei grousse Projeten och gär eng individuell pauschal Offer zesummen.

Offer-Packagen

Image Icon

FIRST STEPS
SCHNUPPEROFFER

3 Stonnen
Uerdnungs- an
Opraumcoaching
215,00€

Image Icon

STAY FOCUSED
DÄI WEE, DÄIN ZIL

5 Stonnen
Uerdnungs- an
Opraumcoaching
365,00€

Image Icon

ALL IN ONE
DÄI POWERDAG

8 Stonnen
Uerdnungs- an
Opraumcoaching
575,00€

AN ALL DE PACKAGË SI MAT DRAN
  • Gratist Éischtgespréich vun 30 Minutten online oder iwwer Telefon
  • Virbereedung an d’Planifikatioun fir däi perséinleche Coaching
  • gemeinsaamt Ausmëschten, Kategoriséieren, Plangen, Uerdnen a Gestalten
  • Botze vun den ausgeraumte Schief / Géigestänn
  • Entwécklung vun engem passenden Uerdnungssystem
  • Akafsberodung: bei Froen bezüglech neien Stockagesystemer an Uerdnungsproduiten
  • Beschrëftungs- a Verbrauchsmaterial (Labelen, Dreckstuten, Bicker, Trennblieder asw.)
  • Hëllef beim Verkaf oder dem Erstelle vun engem Clientskont op Online-Portaler
  • Mathuelen & Ofgi vun aussortéierten Spenden bei sozialen Organisatiounen
  • (pro Rendez-vous / 1 Autosluedung)
  • Begleedung an Ënnerstëtzung wärend dem ganzen Opraumprojet
  • Nogespréich ongeféier 3-4 Wochen nom leschte Rendez-vous (30 Minutten, online oder iwwer Telefon)

All Sessioun dauert op d’mannst 3 Stonnen.

All weider Stonn gëtt mat 75,00€ verrechent.

ZOUSAZLEESCHTUNGEN:
  • Opmoossen, Plangen, Bestellen oder Akaf vun Uerdnungs- a Stockagesystemer: 1 Stonn: 50,00€ plus Deplacementsfraisen (Luedung, Transport & Organisatioun vu Retouren inclus)
  • Deng perséinlech Shoppingaventure mat mir zesummen: 1 Stonn: 65€ plus Deplacementsfraisen (Luedung & Transport inclus)

Deplacementsfraisen: 0,30€/km (pro Rendez-vous, Aller-Retour)

All indiquéiert Präisser si Endpräisser. Ech verrechne keng TVA a stelle se entspriechend och net aus.

Ënnerlech Uerdnung

Uerdnung net nëmmen an dengem Doheem, mee och an dengem Ënneren.

A lass!

Ech freeë mech op deng Noriicht.

KONTAKT

Kaddosbong

Bass du ob der Sich no engem passende Kaddo?

Da verschenk dach e bëssen Uerdnung, Liichtegkeet a Liewensfreed fir déi 4 Wänn. Wann s du e kenns, den sech scho länger Zäit en Uerdnungs- an Opraumcoach wënscht oder du dir selwer schonn ëmmer e gewënscht hues, dann ass dëse Kaddo genau dat richtegt.

Ob Wonsch erstellen ech dir zu all Thema de passende Kaddosbong.

Meng Servicer

Meine Servicer