CONNYLI'S ORDNUNG

Ënnerlech Uerdnung – Coaching mat Hond

Ënnerlech Uerdnung

Uerdnung net nëmmen an dengem Doheem, mee och an dengem Ënneren.
Aktivitéiten a Coaching mat Déiere kënnen dobäi hëllefen, dat Ënnerlecht an dat Äusserlecht erëm an d’Gläichgewiicht ze bréngen.

Wat versteet een ënner Aktivitéite mat Déieren?

Ënner Aktivitéite mat Déiere sinn Interventiounen am Zesummenhang mat Déiere gemengt, déi bestëmmt Mierkmoler opweisen.

Erzéieresch, rehabilitativ, sozial an emotional Prozesser kënnen ënnerstëtzt ginn an dobäi hëllefen, d’Liewensqualitéit an d’Wuelbefanne vun de Clienten ze steigeren.

Ziler a Wierkeffekter vun den Aktivitéite mat Déieren

  • Stressreduktioun, Entspanung
  • Bréck zum Mënsch als Kommunikatiounspartner
  • Ofbau vun Hemmungen an Ängschten
  • Beliewe vun der Ariichtungsatmosphär
  • Mobilitéitsfuerderung: Ureizer schafen, fir un der Mobilitéit ze schaffen
  • Iwwerwannung vu sozialer Isolatioun
  • Stäerkung vum Selbstwäertgefill
  • Ënnerstëtzung vun Heelungsprozesser
  • Strukturéierung vum Dagesoflaf
  • Ureegung vun Erënnerungen, Verbesserung vun der Gediechtnesleeschtung

D’Mënsch-Hond-Ekipp

Moien, mäin Numm ass Abby.

Ech sinn e Bordeaux Dogge-Podenco Mix a gouf 2018 gebuer.

Am Summer 2021 hunn ech zesumme mat menger Muppenmamma d’Ausbildung vum Visittenhond/Sozialhond op der Hunde-Uni Trier mat Erfolleg ofgeschloss.

An der Senioreresidenz zu Konz a bei etleche Privatvisitten, konnte mir eist Erléiertes mat Erfolleg ënner Beweis stellen.

Mat mengem frëndlechen, ausgeglache Wiesen, hunn ech d’Häerzer vun de Mënsche ganz séier erobert.

Ech gi gär stonnelaang duerch d’Natur spadséieren a kann onméiglech op Leckerlien a flott Aktivitéite verzichten.

Ech hunn och den Don, de Mënschen d’Angscht virun den Hënn ze huelen.

Meng Mamma ass ausgebilten Uerdnungscoach an huet iwwer 17 Joer Erfarung am Ëmgang mat Mënschen. Si ass e léiwe Mënsch, bréngt gär jiddereen zum Laachen a wëllt dir – zesumme mat mir – gär dobäi hëllefen, méi Freed an däi Liewen ze bréngen.

D’Mënsch-Hond-Ekipp bitt follgend Méiglechkeeten:

  • Visitten an Altersheemer a Senioreresidenzen 1 Stonn 75,00€ plus Deplacementsfraisen
  • Visitten a Crèchen a Schoulen 1 Stonn 75,00€ plus Deplacementsfraisen
  • Privatvisitten Doheem / Erwuessener, Kanner 1 Stonn 65,00€ plus Deplacementsfraisen

Deplacementsfraisen: 0,30€/km (pro Rendez-vous, Aller-Retour)

Persounen, deenen ech mat mengen Déngschtleeschtunge weiderhëllefe wëll.

  • Familljen an Elengerzéiender
  • Singelen
  • Pensionnairen & eeler Leit
  • Kanner

A lass!

Ech freeë mech op deng Noriicht.

KONTAKT

Meng Offeren

Meng Offeren